
Drees & Sommer ass en internationale Büro fir Berodung am Bau- an am Immobiliësecteur. Säit méi ewéi 50 Joer, begleede mir Bauhäre – Entreprisen, Investisseuren, Notzer esou ewéi ëffentlech a privat Institutioune – beim Bau vu gläichzäiteg ökologeschen, rentabelen a nohaltege Gebaier, der Schafung vu Performanten Immobiliëportefeuillen an der Kreatioun vu flexibelen Aarbechtsëmfelder an Innovatioun duerch eis Berodung am «Change Management» an Innovatiounen op der Aarbechtsplaz.
Vun der Planung bis zum Recyclage vun de Baumaterialie begleede mir de Liewenszyklus vun engem Gebai. Mir bidden ausserdeem de komplette Service vum Kaf, der Vente, dem Finanzement, der Locatioun an der Gestioun vun Immobilien un.
No méi ewéi 15 Joer Presence zu Lëtzebuerg, hu mir eng grouss Erfarung an der Leedung vu Projeten an en exzellent Wësse vum Lëtzebuerger Marché a vun der Groussregioun. Dank eisen interdisziplinären Equippen, ënnerstëtzen eis Ronn 100 Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun Drees & Sommer hier Clienten aus alle Secteuren. Mir sinn dat ganzt Joer op der Sich no Stagiären, mee mir rekrutéieren och jonk diploméiert Architekten, Urbanisten, Ingenieuren an Ëmweltwëssenschaftler.
Kontaktéiert eis fir méi Informatiounen ënnert: info.luxembourg@dreso.com
Offre de stage: Chambre des Députés
D’Représentante vun der Chambre des Députés auprès des institutions européennes zu Bréissel huet e Bureau am Europaparlament a sicht do en/eng Stagiaire fir mindestens 2 Méint.
Dem Stagiaire Hauptaufgaben wieren:
- Redaktioun vun Rapports vu Reuniounen op franséisch
- Redaktioun vu klengen Artikelen iwwer wichteg EU-Dossiers op franséisch
- Begleeden/Ersetzen vun der Représentante a Reuniounen
- Correspondance via E-mail
D’Kandidaturen sollten un de Service Ressources humaines vun der Chambre des Députés geschéckt ginn.























