Intercercle CELB
Ganz geschwënn ass et esou wäit! Scho laang am ACELs Kalenner agedroen, konnte verschidde Leit et bal net gleewen. De CELB organiséiert säin alleréischten Intercercle! Mir freeën eis an hoffen dir sidd genau esou motivéiert ze feieren an ze affonéieren wéi mir. Dat ganzt geet iwwert 2 Deeg, den 1 & 2 Mäerz.🤩

Wat steet um Programm ?

Freides den 1.Mäerz wäerte mir ee Fräibéier an eisem Préfab organiséieren. Hei wäerte verschidden exzellent Zorte Béier op iech warden. Dat ganzt Start um 19 Auer a wäert bis 23:30 Auer daueren. De Fräibéier wäert am „Préfabriqué Interrégionale“ um Campus Solbosch vun der ULB statt fannen. Duerno wäerte mir eng, zwou, oder zéng Bombe bleue an eisem Stammcafé dem Gauguin drénken. 🍻🍻

Samsdes den 2.Mäerz wäerte mir Mëttes ee Rallye organiséieren. Hei wäerte mir iech alleguerten déi néideg Informatiounen mam Startpunkt an dem Wee de Weekend selwer ginn. Owends gi mir an eiser beschter Tenue (Palton, Rack, Jumpsuit) an den Zentrum op de „Bal Vert“ organiséiert vun eise Frënn vum Pharma Cercle hei zu Bréissel. Dëse wäert an der Trictoterie statt fannen. ✨

De ganze Programm zesumme kascht 30 € pro Person (LU29 0019 2755 4470 3000) Fëllt weg de Forms mat alle neidegen Informatiounen aus, a préciséiert ob dir eventuell eng Schlofplaz braucht oder dës scho selbststänneg organiséiert ginn ass. 💙

Umeldung: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeyLEpHgafL3C0_1DbrSMfiehBGGp6e2xezK2Gh-UHCL08l7w/viewform?usp=pp_url

Mir freeën eis op iech!
À santé!🦉

Version francaise dans les commentaires✨