Léif Bréisseler, Aal Bréisseler, jonk aal Bréisseler, Sympathisanten vun Bréisseler,

Nodeems du vill geckeg Joren zu Bréissel verbruecht hues oder souguer nach do bass, dech aal fills oder et souguer bass, beim CELB gedeeft bass oder och net, vill nei Leit kennen geleiert hues an déi Zäit an vollen Zich genoss hues, kann dat och nom Studium weider goen. An dann sinn mir déi perfekt Plaz dofir bei den Aal Bréisseler Studenten asbl (ABS). Ween eisen super Klibbchen nach net kennt (et gëtt iwwregens gemunkelt et wier deen beschten Klibbchen EVER!) Hei eng kleng Erklärung: Den ABS trefft sech puer mol d´Joer fir en gemittlechen Owend, kannerfrëndlechen Nomëtten oder pedagogesch wäertvollen Dag zesummen ze verbréngen. Och op Eventer wei den Bréisseler Bal an St Verheagen sinn mir present. Den Conveniat deen all zwee Joer organiséiert get ass dei perfekt Occasioun sou munch mei aal oder manner aal bekannten Gesiichter ze gesin. Op dësen Eventer hutt der dann d´Geleeënheet är Kontaktlescht op Linkedin ze erweideren (Mir Aal Bréisseler Studenten sinn ganz houfreg esou lues all Ministère an all gréisseren Betrib am Land infiltréiert ze hunn). An natierlech sinn eis Evenementer ëmmer eng super Geleeënheet är aal Kolleegen vun Bréissel erëm ze gesinn.

Wann och du dech heivun ugesprach fills oder souguer villäicht aktiv als Comitésmember wëlls bei eis mat dobei sinn dann mell dech einfach iwwer contactabs@yahoo.com oder iwwer eis Facebook Säit ënnert ABS – Aal Breisseler Studenten asbl. Also bis geschwënn!

Contact: contactabs@yahoo.com Site: https://www.facebook.com/groups/4852732950 et www.celb.lu

Président: David Bettendorf
Vice-Président: Georges Hames
Vice-Présidente: Martine Krieps
Trésorier: Denis Weinquin
Trésorier: Max Lammar
Secrétaire: Anne Jung
Secrétaire : Mandy Boes
Webmaster: Mike Martins
Relation CELB: Luc Jacobs
Relation CELB: Florentin Mayon
Conseillière: Christine Weissgerber
Conseillier: Arnaud Chevolet