Facebook

Léif Studenten,

An der Chrëschtvakanz ass et erëm souwait, d’Studente sinn erëm zu Letzebuerg an dofir organiséiert d’ACEL a Kooperatioun mat der LASEL den Tournoi de Noel. Heibai trieden zwee Deeg laang an drai verschidde Sportaarten, d’Studentencerclen géinteneen un.

Wei gewinnt gëtt erëm op zwee verschidden Datume gespillt:
– 27. Dezember gëtt Basket a Volleyball gespillt
– 28. Dezember ass da Fussball ugesot

Dat Ganzt fennt wéi déi Jore virdrunner um Campus Geesseknäppchen statt an fir Iessen a Gedrénks wäert och dëst Joer erëm gesuergt sinn. All Letzebuerger Student dee hei matmaache well, soll sech beim Studentencercele vu senger Studentestad (https://acel.lu/cercles) mällen, well nëmmen dee kann d’Equipe bei der LASEL umellen.

Mer freen eis iwwert all Presence, sief et als Sportler oder als Visiteur. Also kommt laanscht a verbréng zwee flotter Deeg mat eis zesummen.