Facebook 

De CELB invitéiert ierch haerzlechst op den traditionnellen Tournoi de l’Ambassadeur, deen dest Joer zu Breissel as. Dobei spillen wei all Joer d’Studenten vun Leck, Oochen, Louvain an vun Bréissel em den Titel.

Den Tournoi gett gespillt um Fussballsterrain vun der VUB (Vrije Universiteit Brussel), Adresse direkt niewt dem Terrain: Boulevard Général Jacques, 271. 
Fier Gedrenks, Gegrills an genuch Béier ass beschtens gesuergt 🙂
Natierlech kennt dir och Fussball op allerhechstem Niveau bewonneren 😉 

Gespillt gett op engem halwen Terrain mat Equipen vun jeweils 7 Spiller (6+1 Golkeeper).
Den Ufank vum Tournoi ass um 11h Moies an deen waert bis 17h goen.
Dono ass dann een Pré-TD virgesin, wou dann och em den Titel vum Roi National gedronk gett, ier et dann op engem traditionnellen Bréisseler TD weidergeet.

Fir eng Equipe unzemellen schéckt w.e.g. enn Mail un sport@celb.lu oder kontakteiert den Christophe Kieffer oder den Hibou Celb.
Wann dir op dir net mei Owes heem fueren wellt an eng Schlofplaz braucht, zeckt net och bei denen Adressen nozefroen oder een Member vum Comité ze kontakteieren! :

Mat beschte Gréiss,

Aere CELB.