Facebook

Du wells wëssen wat dech op der Uni erwaart? Dann sief Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun den Dagesreesen an déi verschidden Universitéitsstied, organiséiert vun der ACEL zesumme mat Voyages Emile Weber. Looss dir d’Uni, de Campus an d’Stad selwer vun de lëtzebuergesche Studenten op der Platz weisen an erklären.

Um Programm stinn d’Visite vun den Uni’en a vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, ewéi d’Bibliothéik, d’Héiersäll oder d’Administratiouns Gebaier. D’Visite ginn mat engem Iessen oder engem Patt am Stamm-Restaurant/Café vum jeeweilege Cercle ofgeronnt. Natierlech gëtt während dem ganzen Dag op all méiglech Froe geäntfert an et entsteet ee gudden Austausch tëschent Schüler an Studenten.d

Als 1ère oder 13ème Schüler steet en viru wichtegen Entscheedunge fir da’Zukunft. Soll ee studéiere goen oder net? An weieng Uni ass fir mech iwwerhaapt déi richteg? De Projet Student fir 1 Dag bidd dir eng eemoleg Geleënheet, dir d’Unien an d’Unisstied op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dir bei dengen Entscheedungen ze helefen.

Mir fueren a folgend Stied:

8. Abrëll Nanzeg

10. Abrëll Maastrich

11. Abrëll Frankfurt

12. Abrëll Kaiserslautern

13. Abrëll Köln

14. Abrëll Tréier

15. Abrëll Stroossbuerg

18. Abrëll Bonn

19. Abrëll Breissel

20. Abrëll Oochen

21. Abrëll Karlsruhe

22. Abrëll DA?sseldorf

Umellen fir den Student fir 1 Dag kanns du dech online op folgender Sait:https://acel.lu/survey/sf1d-2017